EIS WÄINER
Eis Bio-Waïner stinn fir Perséinlechkeet, Raritéit a Qualitéit. Aus gesonden, vun der Sonn verwinnten Drauwen Waïner ze produzéieren déi am Aklang mat der Natur a biologescher Bewirtschaftung entstinn an dat ganz nom Moto « Naturschutz duerch Waïbau » ass eist gréissten Uleies.
HOELT
D'Hoelt zu Rouspert huet net nëmmen vill Terrassewéngerten, mee zielt zu den wéinegen Plazen déi net remembréiert goufen. Wann een hei vun Terroirwaïner schwätzt, huet dëst nach Sënn. D’Riewen um Muschelkalek zeechnen sech aus duerch hir Frëschheet a Mineralitéit..
DEGUSTATIOUN
Eis jährlech Degustatiounen sinn bedingt duerch de Corona Virus alleguer annuléiert.
Soubal nei Datumer stinn, maachen ech déi public.
merci, Luc Roeder