top of page

Iwwert eis

Luc-Roeder-024.jpg

2009 gouf d'Maison Viticole Roeder gegrënnt.

Deemools bestoung den Domaine aus 12 Ar Wéngert an e puer Ar mat Drëchewisen an deenen sech d’Orchideeën wuel fillen. Schonn 2010 huet d’Surface vun de Wéngerten sech vergréissert. Dunn hunn ech mat vill Freed ee besteeënde Terrassewéngert iwwerholl wou ënner anerem och den 100 jähregen Elbling steet. Haut besteet den Wéngert aus 82 Ar.

Privatwenzer_Logo.jpg
EU-Bio_Druck.jpg

Waïner/Philosophie

Eis Waïner stinn fir Perséinlechkeet, Raritéit a Qualitéit. Aus gesonden, vun der Sonn verwinnten Drauwen Waïner ze produzéieren déi am Aklang mat der Natur a biologescher Bewirtschaftung entstinn an dat Ganzt nom Moto « Naturschutz duerch Waïbau » ass eist gréissten Uleies. An dës Philosophie fängt am Wéngertsbierg un. Duerno ginn déi handgeliesen Drauwen vun aalen Riefstäck aus Drëchemaueren schounend an der Kellerei verschafft. Am Fréijoër ginn déi mineralesch Waïner agefëllt. 

Naturschutz duerch Waïbau

D’Hoelt zu Rouspert an der Sauerschleef erlieft säit dem leschten Joërzéngt eng Renaissance. Mat vill Idealismus huet d'Maison Viticole Wéngerten an aalen Drëchemaueren iwwerhuel. Mat vill Aarbecht ginn all Joër Maueren restauréiert an neier opgeriicht. Iwwert 600 Meter Drëchemaueren am Wéngert bidden en enormen Potenzial fir déi geschützten Mauereidechsen a Blindschleichen. All Fläsch Waïn dréit durech dës Revaloriséierung zum Naturschutz bäi.

Lag « Hoelt » an der AOP

D'Hoelt zu Rouspert huet net nëmmen vill Terrassewéngerten, mee zielt zu den wéinegen Plazen déi net remembréiert goufen. Wann een hei vun Terroirwaïner schwätzt, huet dëst nach Sënn. D’Riewen um Muschelkallek zeechnen sech aus duerch hier Frëschheet a Mineralitéit.

Bio

D’Wéngerten, d'Drëchewisen an d'Bongerten ginn no de Kriterien vum biologeschen Landbau bewirtschaft. (LU-BIO-05)

 

Lifestyle

Wéi eesäiteg wier d’Waïnwelt/Liewen wann all Waïn d'selwescht géing schmaachen?! Mat der ökologescher Bewirtschaftung vun den aalen Terrassewéngerten mat Drëchemaueren an der « Hoelt » zu Rouspert kann een eng Raritéit vun individuelle Waïner entdecken. D’Waïner riichten sech u Genéisser déi Qualitéit ze schätze wëssen.

bottom of page